Loading Events

« All Events

Assemblée générale FCAD

13 March @ 19:30 - 21:30

Moien

Mat grousser Freed invitéiere mir Iech op d’Generalversammlung vun der FCAD, déi sech den 13. Mäerz am schéine Gebai vun der CNA wäert opspillen.

D’FCAD huet Iech am leschte Joer méiglecherweis d’Impressioun ginn, dass net vill geschitt ass. Dëse wichtege RDV ass fir ons elo eng flott Méiglechkeet, Iech de Contraire ze presentéieren; dat lescht Joer war esouguer ausseruerdentlech aarbechtsintensiv. Et huet sech effektiv éischter hannert de Kulissen ofgespillt, dëst am Kader vun onser Reorganisatioun a professioneller Ausriichtung fir Iech an Zukunft besser kënnen ze vertrieden.

Mir invitéieren Iech deemno häerzlech, eis Visioun, eis Aarbecht an zukünfteg Projeten ze entdecken…

Äert Matmaachen, sief et finanziell, um Terrain oder duerch Äre Feedback ass essenziell fir d’Qualitéit vun onser benevoller Aarbecht.

Hei ass de Programm, dat mir fir Iech virbereet hunn:

  1. Begréissungswuert vum President Stéphane Quaring
  2. Beschreiwung vun der Visioun an de Realisatioune vun der FCAD am Laf vum leschte Joer, Nathalie Meier
  3. D’Convention vun der FCAD mat der Luxembourg Confederation, Tom Baumert
  4. Presentatioun vum Site www.FCAD.lu, Nathalie Meier
  5. Finanzbericht, Alphonse Wirtz
  6. Approbatioun vun de Compten vum Reviseur de Caisse,  Armillei Jos
  7. Ofschlosswuert vum Buergermeeschter Dan Biancalana

 

 

Details

Date:
13 March
Time:
19:30 - 21:30

Organizer

FCAD

Venue

CNA Dudelange
1b Rue du Centenaire
Dudelange,
+ Google Map