Missioun a Wäerter

D’Federatioun vun de Commerçanten an Artisanen vun Diddeleng, kuerz FCAD, ass eng Federatioun déi um Benevolat vun e puer motivéierte Geschäftsleit berout, déi sech fir de Commerce an den Artisanat zu Diddeleng asetzen.

Mir gesinn ons Haaptaufgaben:

  • an der Vertriedung vun de gemeinsamen Interesse vun onse Betriber vis à vis vun de lokalen, regionalen oder nationalen Autoritéiten;
  • an der Vernetzung: d’Fërdere vun de Relatiounen an de Synergien tëschent de Membere fir eng méiglechst optimal Basis fir Kooperatiounen a Wëssensaustausch ze schafen;
  • am Marketing an der Promotioun: Mir fërderen d’Promotioun an d’Visibilitéit vun de lokale Betriber;
  • an der Entwécklung an der Formatioun: am Kader vun onser enker Kollaboratioun mat der Luxembourg Confederation deele mir Informatiounen iwwert Formatiounen, Konferenzen a Workshoppen, fir um Lafenden ze bleiwen a sech op de Commerce vun der Zukunft anzestellen an esou an engem usprochsvollen Ëmfeld kompetitiv ze bleiwen;
  • am gemeinschaftlechen Engagement: Bedeelegung un Atelieren, Workshoppen, Informatiounsronnen vun der Gemeng, Ënnerstëtzung vu lokalen Initiativen an am Bäitrag zum allgemenge Wuelstand an der Regioun;
  • an der Kommunikatioun vu wichtegen Decisiounen aus der Welt vun der Politik an Direktiven;
  • an der Federatioun vum ekonomesche Wuesstem an der attraktiver Diversifikatioun vun der ekonomescher Offer an onser Regioun;
  • an der Konfliktléisung: mir sichen no Léisungen a Kompromësser fir Konflikter tëschent eenzele Memberen fir en harmonescht Bild vun Diddeleng ze vermëttelen;
  • an der Maartfuerschung: duerch ons Kollaboratioun mat der Luxembourg Confederation hu mir Accès op interessant Daten a Statistiken, déi Opschloss ginn iwwert dat aktuellt Maartëmfeld.
  • an der Promotioun vum Diddelenger Commerce: duerch ons FCAD Akafsbongen, déi exklusiv bei onse Memberen dierfen ageléist ginn.

Nettikett

Ons Ekipp ass am konstante Wuesstem a baséiert um Benevolat vun e puer Geschäftsleit, déi dës Aktivitéit nieft hirem Alldag bewältegen. Ee Dir ons schreift, biede mir Iech deemno, Äre Message dorops ze iwwerpréiwen ob en:

  • sachlech a konkret ass, a sech op eppes bezitt, wat ons Ekipp ka bewältegen;
  • konstruktiv, verständlech a respektvoll ass.

Mir äntweren op kee Fall op rassistesch, diskriminéierend, beleidegend, sexistesch, perséinlech denunziatoresch oder änlech gepräägte Messagen.

Charta

Mir hunn d’Grondlag vun onser Zesummenaarbecht an onser Charta (règlement interne) festgehalen. All Member vum Conseil d’Administration huet sech engagéiert, déi Charta ze kennen an ze respektéieren. Nei Memberen déi sech am Comité wëllen abréngen, gi gebieden, dës Charta ze ënnerschreiwen.