Bleift um Lafenden – Abonnéiert den FCAD Newsletter

Mat onsem Newsletter kënne mir Iech reegelméisseg iwwert Eventer, interessant Gesetzestextännerungen oder politesch Decisiounen déi de Commerce betreffen an iwwert d’Organisatioun vu Workshoppen a Presentatiounen informéieren. Onsen Objektiv ass et, Iech mat wichtegen Informatiounen ze versuergen, lokal, regional, national, déi e potentiellen Impakt op Iech kënnen hunn, sou dass Dir beschtméiglech drop virbereet sidd.

Ausserdeem benotze mir onsen Newletter, fir Iech a reegelméissegen Ofstänn d’Synthees vun onsen Zefriddenheetsëmfroe matzedeelen. Well se online, strukturéiert a fir all Participant identesch sinn, sinn d’Äntwerte quantifizéier- a statistesch verwäertbar, wat ons eng besser Verhandlungsbasis gëtt. Fir dass mir ons kënne verbesseren, leeë mir e grousse Wäert op Ären éierlechen an objektive Feedback, well elo gëtt deen an engem Format dokumentéiert, mat deem mir eppes kënnen ufänken. Emsou méi Leit bei onsen Ëfroe matmaachen, emsou méi ons Resultater objektiv sinn – a mat esou Resultater kënne mir och op eng seriö Aart a Weis bei onse lokalen Autoritéite virstelleg ginn.

Hëlleft ons, den Diddelenger Commerce op d’Zukunft virzebereeden.

Please enable JavaScript in your browser to complete this form.
Numm