FCAD 2.0

Dir hutt et warscheinlech gemierkt: déi lescht puer Méint war eppes anescht wéi soss.

Mir haten effektiv méi mat ons selwer an onser interner Restrukturéierung ze dinn, wéi mat onsen eigentlechen Objektiven. Mir haten impakträich Changementer bei onser Ekipp: deen een oder aneren huet ons verlooss oder ass an déi zweet Rei gaangen an dofir koumen nei aktiv Memberen derbäi. Vu dass et e Benevolat ass, dee vill Engagement nieft dem berufflechen Alldag fuerdert, war an ass dat natierlech ëmmer eng grouss Erausfuerderung.

Wann Dir ee vun deene sidd, déi gemierkt hunn, dass et bei ons no baussen e bëssi roueg gi war, da leit Dir deemno vollkomme richteg. Mir sinn Iech immens dankbar dofir, wann Dir ons net just kritiséiert, mee Iech renseignéiert an doropshin esouguer mat engagéiert an ons hëllefe kommt.

Hei ass eng Iwwersiicht iwwert ons intern Aktivitéite ronderëm ons Restrukturéierung déi lescht Méint:

  • Mir hunn ons professionaliséiert an eng Charta geschriwwen, déi onst Aart a Weis, ze fonctionéieren, am Detail dokumentéiert.
  • Mir hunn en Organigramm opgebaut an ons Ekipp an eenzel Aarbechtsgruppen opgedeelt, déi autonom kënne fonctionéieren.
  • Mir hunn detailléiert “Job Descriptions” erstallt fir déi Posten déi fräi oder ënnerbesat sinn.
  • Mir hunn nei Statute geschriwwen, déi am Moment vum Service Juridique vun der Luxembourg Confederation iwwerpréift ginn.
  • Mir hunn all d’Dossieren an de Suspens vun onsem Sekretär opgeschafft, dee seng wuelverdingte Pensioun geholl huet.
  • Mir hunn de System vun onse Kaddo-s-Schecke reorganiséiert. Den Opwand vun onse beléiften Diddelenger Schecken ass effektiv esou grouss ginn, dass e manuell net méi ze bewältege war.
  • Net nëmmen dat, an der Zäit hu mir och dëse fonkelneien, interaktiven an informativen Internetsite opgebaut, deen am Laf vun der Zäit ons Bréck wäert sinn an onsen Networking wäert vereinfachen. Mir hoffen, dass Dir all dozou wäert bäidroen, dës zentral, konstruktiv Kommunikatiounsplattform um Liewen ze erhalen.

Eise Blog hu mir agefouert, fir Iech mat aktuellen a wichtegen Informatioune ze versuergen:

  • Assimiléiert Resultater vun den Ëmfroen op onsem Site, déi natierlech nëmmen dann eppes wäert sinn, wann Dir zu vill sidd, déi matmaacht.
  • Alles iwwert nei Direktiven a politesch Decisiounen déi en Impakt op onsen Alldag wäerten hunn
  • ons eegen awer och aner interessant Evenementer
  • Äntwerten op Froen, déi reegelméisseg vunn Iech un ons adresséiert ginn.
Wëllt Dir eng Hand upaken?

Mir freeën ons iwwert all Hand, déi bereet ass, sech benevole a konstruktiv bei ons anzesetzen, sief et fir “kleng” Aufgaben, wéi och am Kader vu strategeschen Decisiounen an onser Ekipp. Hei sinn aktuell “Job Description” vun de Posten déi entweder fräi sinn oder wou mir kënnen zousätzlech Hëllef gebrauchen.