Partenariater

D’FCAD ass eng ASBL déi virun allem duerch Memberschaften a Braderie finanzéiert gëtt. Gläichzäiteg ziele mir just e puer aktiv Memberen, déi bereet sinn, benevole Zäit nieft hiren alldeeglechen Aufgaben ze investéieren.

Dës zwou Realitéiten ënnersträichen d’Tatsaach, dass et ons aktuell un de néidege (mënschlechen a finanziellen) Ressource feelt fir eegestänneg all ons Objektiver ze erreechen. Eng logesch Konsequenz ass déi, dass mir op professionell a stabil Partnerschafte bauen.

D’Gemeng Diddeleng

Fir unzefänken, soe mir der Diddelenger Gemeng villmools Merci fir hir Ënnerstëtzung. De Gemengerot huet ouni Zweiwel erkannt, dass eng lieweg an attraktiv Stad och vum lokalen, modern a gutt diversifizéierte Commerce ënnermauert gëtt. D’Gemeng investéiert permanent an d’Moderniséierung an d’Attraktivitéit vun Diddeleng, wat ons encouragéiert, all Dag onst Bescht ze ginn. Ausserdeem fleege mir eng aussergewéinlech agreabel a konstruktiv Relatioun mam lokale City Manager.

Luxembourg Confederation

Zousätzlech ass et, an enger Welt déi sech rasant verännert, elementar, sech mat engem “grousse Brudder” ze verbannen, engem Daachverband dee déi vun anere Federatiounen a Commercen ënnerstëtzt gëtt an déi ons hëlleft, informéiert an ëmmer mat de neisten Tendenze versuergt. D’FCAD ass Member vun der Luxembourg Confederation (fréier CLC) an déi ënnerstëtzen ons op villsäiteg Manéier bei onser Restrukturatioun an onser Preparatioun op d’Zukunft. Wann Dir e lokale Commerce sidd, da kënnt Dir d’FCAD och ënnerstëtzen andeems Dir Member bei der LC gitt.