No parking, no business!

De Succès vu ville Commercen hänkt dovunner of wéi vill Zäit se mat hire Cliente verbréngen. An esou bal een d’Wuert “Zäit” mentionéiert, muss een och un de Präis vum Parking denken.

Mir verstinn, dass déi gratis Parkméiglechkeet vun enger hallwer Stonn enorm wäertvoll ass fir déi kuerz Kommissiounen. Aner Geschäfter, mat méi berodungsintensive Servicer/Produiten oder fir den einfache Stadbummel hänkt staark vun der lokaler Infrastruktur an dem Parking of.

Duerch ons konstruktiv an agreabel Relatioun mat der Diddelenger Gemeng an hirem City Manager hu mir et zesummen organiséiert, dass Är Clienten déi sech an d’Parkhaus Am Duerf stellen, vun Iech “Prepaid” Parking Tickete kënne kréien. De Prozess ass denkbar einfach: bestellt Tickete vun 0.80 EUR (1/2 Stonn wärend den éischten 3 Stonnen) a gitt Äre Clienten der esou vill mat, wéi se Zäit bei Iech verbruecht hunn. Esou fale fir si keng Parkingkäschte fir hire Besuch bei Iech un.

Esou geet et:

Maacht Är Commande mat dësem Formulaire:

Please enable JavaScript in your browser to complete this form.
Numm
Sidd Dir e Member vun der FCAD?
op onse Compte LU86 1111 0255 0591 0000 mat Indikatioun vun Ärem Numm an deem vun Ärem Commerce. Mir maachen eng regroupéiert Commande an informéieren Iech wann d’Ticketen do sinn a wou Dir se kënnt siche goen.
Wéi wëllt Dir am léiste kontaktéiert ginn?

Dës Offer ass valabel fir ALL Commeerce hei zu Diddeleng, esouguer fir déi, déi net FCAD Member sinn! Et ass dofir awer ni ze spéit! D’FCAD huet e Prozess vun enger professioneller Restrukturéierung ugefaangen a gëtt ëmmer méi professionell an dynamesch. Et ass net ëmmer alles perfekt, awer mir schaffen all Dag drun, fir Saache besser ze maachen a wat mir zu méi sinn, wat mir et och besser kënne packen.