Stéphane Quaring
Interimspresident, Vizepresident Handwierk
Ugedriwwen duerch staark developpéiert Prinzippien, Loscht op Prezisioun an eng kloer Linn, féiert dësen Optiker an 2. Generatioun zu Diddeleng d’FCAD an engem enke Vertrauensverhältnes mat der Vizepresidentin. Hien leet aussergewéinlech vill Wäert op Teamaarbecht, Zesummenhalt, Transparenz an Integritéit, ganz am Sënn vun absolutter Professionalitéit an enger impeccabeler Reputatioun.
Am Kräiz vum Commerce leet hie besonnesch vill Wäert op Qualitéit, Selektioun a Service.


Nathalie Meier
Vizepresidentin Commerce
Passionnéiert Strategin a Saache Commerce a Kommunikatioun ënnert all hiere Formen, Ekonomistin, Conférencière an Auteure huet sech aus dem Finanzsecteur zum duebelen Entrepreneuriat reconvertéiert, ganz am Service vun hire Privat- an institutionelle Clienten op der Sich no hirem Succes. Si ass iwwerzeegt vun der Kraaft vun de Synergien, dem Zesummeféieren vu Komplementaritéiten fir zesummen déi néideg Resilienz opzebauen vis à vis vun de grousse Kapitalisatiounen.
Wäerteorientéiert läit den Accent bei hir op Selectioun, Service a Qualitéit.
Katia Kouici
Komiteesmember, Project Manager
Mat enger schier onendlecher Motivatioun, assuméiert Katia d’Leedung vun de meeschten Aarbechtsgruppe ronderëm d’Organisatioun vun den Eventer, mam Zil d’Visibilitéit, d’Liewegkeet an domadder d’Attraktivitéit vun Diddeleng ze stäerken. Seng Liewensphilosophie gëtt bestëmmt vun de Wierder “Douceur a Poesie” . Si sinn d’Quell vu senger onermiddlecher Energie an d’Belounung läit beim Katia an der Freed vun de Kanner.
Katia ass staark wäertorientéiert a leet am Handelskräiz Wäert op Selektioun, Qualitéit a Service.


Alphonse Wirtz
Komiteesmember, Placeur, Tresorier
Eisen allsäits beléifte Coordinateur vun de Braderien a Stroossemäert ass e Meeschter wéi keen aneren an der Organisatioun vun dëse komplexen Evenementer, wou een et seelen alle Leit gläichzäiteg Recht ka maachen.
Onse “Fons” ass ons wäertvoll Präsens an de Stroossen, ëmmer op der Sich no potenzielle Konfliktléisungen an extrem hëllefs- a kompromëssbereet. Ausserdeem ass en onsen Tresorier.
Ee hien seng Pensioun geholl huet, war hien de Proprietär vum Fifties Style – Rockabilly Buttek zu Diddeleng. Hien ass sengem Stil bis haut trei bliwwen.
Steve Kugener
Komiteesmember, Marketing
Kreativ, verspillt an awer héich professionell. De Steve haucht onse Projeten dat néidegt Liewen an, sief et iwwert Bild, Toun oder Video.
Mat senger Fantasie an Experienz gëtt hien all Iddi, déi am Comité opkënnt, den zousätzleche Kick an de leschte Schlëff.
Seng Erfarung positionéiert hien ausserdeem als wäertvollen Intermediaire zu de nationale Medienhaiser an der lokaler Politik.


Lee Schuller
Komitteesmember
Léif, Léiwer, Lee.
Eng geballte Kombinatioun aus Humor, Optimismus, Oppenheet, Sensibilitéit a Verstand mécht aus dem Lee eng Perséinlechkeet mat engem onwidderstéileche Charme. Hien huet en aussergewéinlecht Talent zur Mediatioun: wann zwou Persounen sech net eens sinn, huet hien d’Kapazitéit, déi zwou Säiten ze verstoen an e Konflikt an eng produktiv Léisung ze verwandelen, sou wéi wann ni eppes gewiescht wier. Hie fënnt ëmmer déi richteg Wierder fir dass herno erëm häerzlech zesumme gelaacht gëtt.
Romain Wohl
Komitteesmember
De Romain, en Entrepreneur dee fest an der Diddelenger Gesellschaft verwuerzelt ass, zeechent sech aus duerch säi Pragmatismus a säi Fläiss. Hien huet den FCAD am Laf vun de Joren markéiert. Mat senger direkter Aart a Weis fuerdert hien gären déi idealisteschst Iddien eraus, awer ouni en nohaltege Konflikt ze generéieren.
Hien ass ausserdeem en treien Distributeur vun den Diddelenger Akafsbongen, mat deenen hien déi ganz Diddelenger Geschäftswelt ënnerstëtzt, obwuel en och just kéint no sengem eegene Betrib kucken deen, genau sou wéi de Romain, net méi aus Diddeleng ewechzedenken ass.


Alain Clement
Komitteesmember
Onsen fréiere President ass e Modell a Saache Kreativitéit a fest an der Diddelenger Gesellschaft integréiert.
Hien ass eng wäertvoll Ënnerstëtzung, wat d’Versteesdemech vum politeschen Tissu zu Diddeleng ugeet, eng Welt der hir Contraintë vu baussen net ëmmer esou einfach ze erkenne sinn. Den Alain ass onse Fuuss: charmant a raffinéiert. Een, deen Hürden an de Léisunge fënnt a Léisungen an den Hürden. Doduerch, dass hien esou vill verschidde Perspektive kennt, ass hien e wäertvolle Member vun der FCAD.
Jean-Paul Gaudront
Komitteesmember
De Jean-Paul kann een als e Schaffpäerd bezeechnen, dee bei all Wieder stramm steet wann e gebraucht gëtt.
Ausserdeem ass en en aussergewéinlech loyalen, kollegialen, hëllefsbereeten, zouverlässegen Teamplayer mat engem ausgepräägte Sënn fir Gerechtegkeet.
