Braderien


D’Braderien, wou d’Commercen Plaz maachen fir dat Neit an dem Alen kënnen Äddi soen, sinn zu Diddeleng eng fest Institutioun. Et ass hei och an der Traditioun, dass extern Stänn déi lokal Offer completéieren, sou dass an der Strooss keng onnéideg “Lächer” entstinn. Traditionell gëtt d’Braderie ofgeronnt duerch Museker an aner Animatiounen an der Strooss.

D’Koordinatioun vun der Braderie ass eng grouss organisatoresch Aufgab vun der FCAD, a Koordinatioun mat de Servicer vun der Gemeng. Si implizéiert vill Verhandlungsgeschéck, Diskussiounen an e breede Spektrum un organisationellen Aufgaben. Ausserdeem si se fir d’FCAD eng Source vu Revenuen, op déi mir op kee Fall verzichte kënnen. Fir dass d’Konte vun onser ASBL um Enn vum Joer opginn, mussen dës Kontributiounen erhuewe ginn, fir d’Fraisen, déi sech iwwert d’Joer erginn, ofzedecken.

Ee vun de Virdeeler vun de Memberen vun der FCAD ass deen, dass si bei de Braderien d’Sécherheet kréien, dass si hire Stand direkt virun hirem Commerce hunn an dat natierlech zu engem reduzéierte Präis.