Photo: (c)Ville de Dudelange

Shared Space

E Communiqué vun der Diddelenger Gemeng an der FCAD hier Reaktioun

Madamm, Monsieur,

Mir schreiwen Iech als FCAD un, fir Är Meenung zum aktuelle Reglement vum Shared Space an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte ze kréien.

Vum 1. Juni 2023 bis den 30. September war d’Niddeschgaass fir de motoriséierte Verkéier zou, an zwar all Dag vu 14 bis 18 Auer. Zanter dem 1. Oktober ass d’Niddeschgaass erëm 24 Stonnen den Dag op fir de motoriséierte Verkéier.

D’Gemeng Diddeleng gedenkt, den Trafic an der Niddeschgaass an der Zukunft op déi folgend Aart a Weis ze reegelen:

  • Vum 1. Abrëll bis den 30. September (Summerperiod): zou fir de motoriséierte Verkéier vu 14 bis 6 Auer Moies den Dag drop.
  • Vum 1. Oktober bis den 31. Mäerz (Wanterperiod): 24/7 op fir de motoriséierte Verkéier

De Gedanken hannert dëser Reegelung ass deen, am Summer gemitterlech an ouni Stress kënnen duerch d’Strooss ze flanéieren, dat ouni Gestank a Kaméidi an och fir déi relax Atmosphär op de sëllegen Terrassen ze genéissen. D’Strooss ass op fir Liwwwerungen vu 6 Auer Moies bis 14 Auer. Nomëttes ass d’Niddeschgaass voll accessibel fir all net motoriséiert Gefierer.

Mir bieden Iech als Vertrieder vum Commerce häerzlech, ons bis den 10. November Ären Avis zu dëser Propos ze ënnerbreeden.

Dës nei Reegelung dann den 13. November an der Reunioun “Trafic a Mobilitéit” diskutéiert ginn, eng Reunioun wou mir och Äre Feedback als Diskussiounsbasis wäerten integréieren. D’Kommissioun wäert dann eng konsolidéiert Meenung fir de Schäfferot ausschaffen. Mir ginn dovunner aus, dass de Schäfferot am Januar déi nei Reegelung an der Niddeschgaass wäert stëmmen.

Mir soen Iech Merci fir Är Kooperatioun


Der FCAD hieren Avis

Mir als FCAD, och wa mir net ALL Commerce hei zu Diddeleng vertrieden, informéieren op der Basis vun de sëllege Feedbacken säitens de Commercen awer och de Clienten, dass de Shared Space nach net d’Unanimitéit mécht . Et geet vun engem Extrem bei den aneren: déi eng wëllen eng 100% Foussgängerzon an déi aner wëllen alles ophunn fir de motoriséierte Verkéier. D’Propos vun der Gemeng, fir en Ënnerscheed tëschent der Summerperiod an der Wanterperiod ze maachen, an dass d’Niddeschgaass ab dem 1. Abrëll bis den 30. September Nomëttes op ass fir alles ausser déi motoriséiert Gefierer schéint ons en akzeptabele Kompromëss ze sinn.

De Kommitee vun der FCAD huet just 2 Proposen, fir dee Kompromëss nach méi attraktiv ze maachen:

  1. An der Summerperiod d’Niddeschgaass schonn ab 12 Auer Mëttes fir déi motoriséiert Gefierer zoumaachen, sou dass d’Terrasse vollëmfänglech vun der Reegelung proposéieren an hir Clienten ouni Kaméidi an Ofgasen gemitterlech kënnen do iessen.
  2. En Zougang zu alle Liwwerplaze garantéieren, zu all Auerzäit (et ginn och Liwwerungen nomëttes). Virun allem déi zentral Liwwerplaz bei der Police wier do eng wäertvoll Hëllef.