Ons Memberen sinn Handwierksbetrieber a Geschäftsleit zu Diddeleng, déi duerch den Zesummenhalt, dee sech aus der Memberschaft bei der FCAD ergëtt, eng Rei Avantage genéissen:
- FCAD Memberen profitéieren vun de Kaddo-s-Sckecken déi vu Klibb, der Gemeng, grousse Betriber oder esouguer Privatleit kaaft ginn, an déi exklusiv bei de Memberen vun der FCAD kënnen ageléist ginn.
- Si profitéiere vu wäertvollen Informatiounen a Kollaboratiounen, ënnert anerem duerch ons Adhésioun un Luxembourg-Confederation an der enker Zesummenaarbecht mat der Diddelenger Gemeng.
- Si kënnen hir eegen Eventer, Atelieren, Workshoppen op onsem Site an onse soziale Medien publizéieren.
- Memberen profitéieren vun enger motivéierter a kreativer Ekipp déi zu Diddeleng fir Synergien a Kooperatioune suergt.
D’FCAD bitt eng Rei Méiglechkeeten, sech fir den Diddelenger Commerce anzebréngen
- Eng “einfach” Adhesioun: Mat engem Joresbäitrag vu nëmmen 150 EUR op onse Compte LU86 1111 0255 0591 0000 sidd Dir en “einfache” Member a profitéiert vun den Avantagen, déi hei uwendriwwer opgezielt sinn.
- Member vum Comité: Hëlleft der Ekipp andeems Dir Iech aktiv an de Comité abréngt a konkret bei der konkreter Aarbecht. Sidd an den Comités Reuniounen (eng am Trimester) derbäi.
- Aarbechtsgruppen: Bréngt Är Energie, Äer Expertise am Kader vun onse punktuellen Arbechtsgruppen an den Asaz.
- Sponsorship: Negociéiert e Sponsorship mat der FCAD,
Gitt nach haut Member an ënnerstëtzt den Diddelenger Commerce an drot esou zur Attraktivitéit vun Diddeleng bäi
Hei ass d’Lëscht vun den “einfache” Memberen 2023:
