Dynamiséiert de lokale Commerce a sidd en Deel vun der Attraktivitéit vun Ärer Stad!
Gitt e Katalysator vun der Stad Diddeleng.
De lokale Commerce, méi wéi jeemools virdrun, ass mat enger rauer, international vernetzter Konkurrenz konfrontéiert, déi ons esou praktesch Léisunge presentéiert, dass et engem einfach gemaach gëtt, déi potenziell Konsequenze fir d’Stied, aus den Aen ze verléieren. An Dir sidd déi dreiwend Kraaft, déi sech deem ka widdersetzen.
Ons FCAD Chèques-Cadeau: eng laangjäreg Erfollegsgeschicht.
Déi beléiften Diddelenger Kaddo-s-Schecke, ons eegen, Diddelenger Devise, an déi exklusiv bei de Membere vun der FCAD kënnen ageléist ginn, sinn e wäertvolle Schlëssel fir d’Iwwerliewen an d’Prosperitéit vum Diddelenger Commerce.
Eng laangjäreg Erfollegsgeschicht zu Diddeleng
Iwwert d’Joren hunn d’Schecken vun der FCAD sech effektiv zu enger lokaler Institutioun entwéckelt. D’Schecken gi bestallt esouwuel vu Clibb, aneren Associatiounen, grousse Firmen an esouguer Privatpersounen. Si all hunn eng Gemeinsamkeet: si wëllen eppes fir de lokal Commerce – an domadder d’Attraktivitéit vun der Stad Diddeleng maachen.
Ons Schecke ginn et a Coupure vun 10, 20 a 50 EUR.
Dir kënnt se ganz einfach iwwert de Formulaire hei ënnendrënner bestellen. Esoubal de Géigewäert vun de Schecken op onsem Compte LU76 0030 0110 4117 0000 ukomm sinn, suerge mir dofir, dass se op der vun Iech ausgewielten Pickup Plaz disponibel sinn.